News Archiv

Workshop Champignons

Et ass Hierscht! No engem laangen a waarme Summer ginn d'Temperaturen awer nees esou lues erof, eis Wéngerten méi faarweg an d'Bëscher méi fiicht. Zu enger Zäit, wou quasi keng ëffentlech Evenementer statt fannen an een d'Kontakter zu anere Leit souwäit wéi méiglech limitéiere soll, hu mir eis dofir decidéiert, ee Workshop am Bësch iwwer d'Thema Champignonen z'organiséieren. Mir sinn also a klenge Gruppen op d'Sich gaangen - a mir si fündeg ginn!.
Bei d'Fotoen