Fotoclub Flash
Gréiwemaacher

Maacher Drauwen- a Wäifest 2023

Den zweete Weekend am September gouf och dës Joer zu Maacher nees eng nei Wäikinnigin gekréint: d'Loredana! Bei beschtem Summerwieder gouf dräi Deeg laang gefeiert, a mir hu probéiert sou vill wéi méiglech flott Erënnerungen anzefänken. Kuckt Iech all eis Fotoen gär hei eng Kéier un!
Fotoen vum Maacher Drauwen- a Wäifest 2023
Fotoen vum Maacher Drauwen- a Wäifest 2023

Maacher Drauwen- a Wäifest 2022

Vum 9. bis den 11. September 2022 huet sech an der Muselmetropol nees alles rondrëm de Wäin gedréit, wéi déi 72te Lëtzebuerger Wäikinnigin ZOÉ gekréint gouf. De Fotoclub Flash wor déi dräi Deeg nees mat dobäi an huet déi gutt Stëmmung agefaang! Kuckt iech hei drënner den Album mat de Fotoen vum Weekend un:
Bei d'Fotoen

Maacher Drauwen- a Wäifest 2021

E Freideg, den 10. September 2021 gouf déi 71te Lëtzebuerger Wäikinnigin LEE offiziell an der Muselmetropol gekréint. D'Festlechkeeten sinn nach dee ganze Weekend laang viru gaangen an de Fotoclub Flash wor live mat dobäi. Kuckt Iech hei e puer Andréck vum Maacher Drauwen- a Wäifest 2021 un!
Fotoen vum Maacher Drauwen- a Wäifest 2021
Fotoen vum Maacher Drauwen- a Wäifest 2021

Ausstellung: Maacher by Night

Do opgrond vun der Pandemie déi traditionell Ouschterausstellung "Maacher Oart" och dës Joer leider net ka stattfannen, hu mir decidéiert, Iech e puer Biller aus eisem Workshop Maacher by Night hei ze presentéieren. De Fotoclub Flash wënscht Iech alleguer schéin Ouschteren!

Erënnerungsbuch

75 Joar Befreiung vu Maacher (1944)

Nodeems t'lescht Joer eis Fotos-Ausstellung iwwert d'Befreiung vu Maacher op grousse Succès bei der breeder Ëffentlechkeet getraff ass, si mir elo houfreg, Iech d'Buch zur Ausstellung kënnen ze présentéieren. Doranner fannt Dir op 124 DIN A4 Säiten eng 200 schwaarz-wäiss, souwéi och faarweg Fotoen, Material an Dokumenter, zesummen mat Texter vum Monique Hermes a vum André Ney. D'Zesummestellung gouf realiséiert vun eise Memberen, dem Simone a Jos Gehlen-Welter.

De Präis vum Buch mat haardem Deckel läit bei 55 €. Falls Dir Interess dorunner hutt, da kënnt Dir et bestellen, andeems Dir d'Somme vu 55 € bis spéidstens den 31. Dezember 2020 op de Konnt CCRALULL LU77 0090 0000 0594 2388 vun "Enrôles de Force / Ons Jongen asbl" iwwerweist. Gitt op der Iwwerweisung w.e.g. är Telefonsnummer un - mir kontaktéieren Iech, soubal wéi d'Buch do ass. D'Iwwerweisung gëllt als Bestellung.

Fir weider Froen kënnt Dir Iech och bei eis mellen, oder per Email op sertznig@pt.lu

ESTD 1976

Eise Club

De Fotoclub Flash ass en traditionelle Maacher Veräin, deen am Joer 1976 gegrënnt gouf. Wärend mir engersäits dat kulturellt Liewen zu a rondrëm Maacher op Biller festhalen, bidde mir anerersäits awer och regelméisseg Workshops un, fir eis Kenntnisser a verschiddene Beräicher ze verdéiwen. Esou treffe mir eis och eemol am Mount fir eis an engem entspannte Kader ënnerteneen auszetauschen, Fotoen ze kucken an och d'Aktualitéiten ze beschwätzen.

Déi ganz Geschicht vun eisem Fotosclub, geschriwwen vum Jang Welter fir d'Brochür vum 25. Anniversaire vum Club kënnt Dir Iech hei ukucken:
Geschicht
Archiv

Niewent dem Ausüben vun eisem Hobby, ass eng vun de wichtege Missiounen vum Fotoclub Flash, en emfangräicht Fotosarchiv vun der Stad Gréiwemaacher ze féieren. Mir sinn am Moment schonn am Besëtz vun Dausende Fotoen, déi bis d'40er Joren zréck ginn an d'Entwécklung souwéi kulturell Evenementer vun eiser Stad säit der Nokrichszäit dokumentéieren.

An deem Kontext si mir steets beméit, eis Archiven z'ergänzen. Falls Dir nach am Besëtz vun historeschem Fotosmaterial vun der Stad Gréiwemaacher sidd, da géinge mir eis immens freeën, wann Dir Iech bei eis kéint mellen. Mir géingen eis komplett em d'Digitaliséirung vun Ärem Material këmmeren an Iech duerno är original Fotoen och selbstverständlech nees an tadellosem Zoustand zréck ginn.
Kontaktéiert eis
Eis Memberen

All Fotografie-Interesséierten aus Maacher oder der Emgéigend ass häerzlech wëllkomm, eisem Club bäizetrieden. Wann och Dir interesséiert sidd, da mellt Iech bei eis a kommt onverbindlech op eng vun eise Versammlungen kucken!


Eise Comité:

Präsident: Emile Krier
Vize-Präsident: Simone Gehlen
Sekretär: Diane Lolaico
Caissier: Jean-Lou Gelhausen
Member: Claudia Cimenti
Member: Jos Gehlen
Member: Carlo Rinnen


Eis Fotosgalerien

Workshops
Workshops
Maacher Wäifest
Maacher Wäifest

Kontaktéiert eis

Per Post, per E-Mail oder mat engem Message iwwer Facebook.
Fotoclub Flash
M. Emile Krier
72 rue du stade
L-6725 Grevenmacher
Copyright © 2020 Fotoclub Flash Gréiwemaacher. All rights reserved.