www.fotoclubflash.lu Grevenmacher WWW.FOTOCLUBFLASH.LU

Grevenmacher / Reporter: Monique Hermes / MyWort 2011

De Gréiwemaacher Fotoclub "Flash" bräicht en neit Veräinslokal

Gemeindeleben - Kultur

Zënter 1976, also zënter 35 Joer, ass de Fotoclub "Flash" e wichtege Bestanddeel am Gréiwemaacher Veräinsliewen. Déi äifreg Fotografinnen an Fotografe sinn ëmmer dann op der Plaz, wann et heescht, eppes Intressantes am Bild festzehalen: de Wäimaart, d'Drauwen- a Wäifest, eng Schëffsdaf oder e besonnescht Jubiläum vun engem lokale Veräin ...

Gëschter den Owend war d'Generalversammlung am Studio vum Fotoclub am Centre culturel zu Maacher. Well grad an engem Wahljoer vill Politiker de Wee bei de Fotoclub fonnt haten, huet de Präsident Jemp Steffen vun der Geleeënheet profitéiert, fir op e mëttlerweil vill ze klengt Veräinslokal hinzeweisen, an deem et ëmmer méi schwéier gëtt, fir ze schaffen, ze archivéieren oder ze recherchéieren.

Och d'Dunkelkammer nieft dem Studio bräicht dringend en neien Outfit, wat awer an deenen nächste Méint geschéie soll, sot de Präsident.

Nodeems de Fotoclub 2009 an 2010 vill ze dinn hat mat zwéi grousse Jubiläen, nämlech "175 Joer Maacher Musek" an "100 Joer Maacher Fussball", wäert et dëst Joer wuel e bësse méi roueg ginn, wat awer net heescht, datt déi 22 Memberen, vun deenen der 12 eng FLPA-Lizenz hunn, sech op hire Lorbieren ausrouen.

An d'Haus stinn z. B. d'Ouschterausstellung, dëst Joer fir d'éischt ënner dem Numm "Maacher Oart", a fir de Fotoclub fir d'éischt am Veräinshaus an der Kierchestrooss, mat enger Retrospektiv op fënnef Schëffer, déi all vun enger Prinzessin, resp. vun enger Erzherzogin zu Maacher gedeeft goufen a ganz houfrech den Numm "MS Princesse Marie-Astrid" droen, an d'Bedeelung un de Festlechkeete fir 30 Joer Jumelage Gréiwemaacher-Aubière, fir emol nëmmen déi zwee Evenementer ze nennen.

An d'Haus steet och e Buch mam Titel "Maacher an Emgéigend fréier an haut", dat de Fotoclub plangt a geschwë verwierkleche wëllt.

Am Comité vum Maacher Fotoclub "Flash" si folgend Memberen: Jemp Steffen, Präsident, Simone Gehlen-Welter, Vizepräsidentin, Diane Lolaico, Sekretär, Carlos De Jesus, Isabel Bento, Carlo Rinnen a Jos. Hoffmann, Memberen. An der Generalversammlung huet de Carlos De Jesus seng Demissioun als Keessier ginn, esoudatt elo en neie Member gesicht gi muss, deen déi Charge iwwerhëllt. Keesserevisorinne bleiwen d'Barbara Haase an d'Ulrike Sauer.







Foto Generalversammlung 2016 Foto Generalversammlung 2013 Foto Generalversammlung 2011 Foto Generalversammlung 2014 Foto Generalversammlung 2017